Et wier scho wichteg gewiescht, datt och mir mat um Gesondheetsdësch géife setze, dat sot um Freideg de Moien d’Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewammen Nadine Barthel bei eis op der Antenn. Mir waren awer net invitéiert. Firwat géif si net wëssen, dobäi kéinten aner Santésberuffer d’Hiewammen net vertrieden.

Personell Enkpäss

Eng grouss Suerg vun der Associatioun ass zanter Joren, datt et net genuch Hiewamme géif ginn. Zu Lëtzebuerg schaffen 230 Hiewammen, d’Hallschent dovunner Lëtzebuerger, an dat op méi wéi 7.100 Gebuerte pro Joer.
Dat suergt fir schwéier Aarbechtskonditiounen a mécht e gudden Encadrement vu Mamm a Kand nëmme schwéier méiglech, sou eis Invitée vun der Redaktioun. Wéi vill Hiewammen an der Zuel feelen, konnt d’Nadine Barthel net soen. Dat géif vun der Zuel vun de Gebuerten ofhänken.

Zu Lëtzebuerg ass, anescht wéi am Ausland, a kengem Gesetz verankert, datt nëmmen Hiewammen an enger Maternité schaffen.

Wier dat esou, kéint de Suivi vun de Mamme verbessert ginn.

Wéi vill Hiewammen um Stack sinn, géif vu Maternité zu Maternité ofhänken. Dacks géife si duerch Infirmièren, Aides-soignantes oder Puericultricë vertruede ginn. D’Verantwortung awer géif och bei der Hiewamm leien, sou d’Nadine Barthel. D’Aides-soignantes an d’Infirmièren hätten einfach net déi selwecht Ausbildung a géifen net un deene selwechten Ziler schaffen. Hei géif d’Fra alt heem goen, ouni all Informatiounen déi se brauch. Dësen Informatiounsdefizit misst da vun de fräischaffenden Hiewammen opgefaange ginn.

Anescht wéi am Ausland, kënnen d’Mammen zu Lëtzebuerg och net wiele wou se accouchéieren. Nieft de 4 Maternitéë gëtt et keng Gebuertshaiser an nëmmen eng Hiewamm, déi Hausgebuerte mécht.

Schued, datt d’Politik net nolauschtert

D’Infirmièren sinn zu Dausenden, sou eis Invitée vun der Redaktioun. Duerfir géif hiert Wuert vläicht méi gelauschtert. 230 Hiewammen hei am Land sinn einfach ze wéineg, fir eng staark Lobby ze sinn. Wann een awer wéisst, datt all eenzel vun den iwwer 7.100 Gebuerten pro Joer vun enger Hiewamm begleet ginn, ass et awer schued, datt d’Politik net nolauschtert, seet d’Presidentin vun der Hiewamm-Associatioun.

Duerch besser Aarbechtskonditiounen, eng besser Nomenclature a besser Tariffer hätt een areecht, datt et méi fräischaffend Hiewamme gëtt. Fräischaffend Hiewammen déi och elo, awer just op Ordonnance vum Dokter, Frae virun der Gebuert schonn an der Schwangerschaft begleede kënnen. Dat mécht eng gutt Präventioun. Richteg fräi schaffe wier awer nach ëmmer net méiglech.

Positiv Konsequenzen vun der Covid-Kris

Wärend der akuter Phas vun der Pandemie, wier d’Roll vun der Hiewamm valoriséiert an d’Kommunikatioun mat der Hiewamm doheem verbessert ginn. Do kéint een fir d’Zukunft drun uknäppen.

Positiv bewäert d’Nadine Barthel de Lockdown fir déi jonk Mammen. D’Familljen hätte sech kënnen op dat Weesentlecht konzentréieren, wiere manner ënner Drock gewiescht duerch vill Visitten an aner Obligatiounen.

Aktioun géint Gewalt bei der Gebuert

De 25. November gëtt och zu Lëtzebuerg, am Kader vum sougenannte „Roses Revolutioun Day“ op Respektlosegkeet a Gewalt wärend der Gebuertshëllef opmierksam gemaach. Eng Aktioun, déi och vun der Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewammen ënnerstëtzt gëtt. Frae kéinten esou Traumae verschaffen an op dat opmierksam maachen, wat hirer Meenung no bei der Gebuert net sou gelaf ass, wéi si sech dat gewënscht hätten